Dokumentatioun

D'Archiv wei den Numm et scho seet soll wichteg Informatiounen déi net onbedéngt bei de Site passe späicheren. PDF - Dokumenter sinn dofir ee gutt Beispill. Tabellen si gutt op enger Säit fir nozekucken mä ee PDF - Dokument mécht déi Saach méi einfach andeems et direkt scho preparéiert ass fir benotzt ze ginn.

D'Astellunge späicheren Är Preferenzen an dem Browser, an engem Deel den localstorage heescht. Är Astellunge vu luxformel bleiwen also bei refreshing, oder zou maache vum Browser erhalen. Dës Technologie benotzt keng Cookies oder schéckt Är perséinlech Donnéeën zeréck bei luxformel.
Entdeckt also nei Visuell Stiler vu luxformel an anner Astellungen.

Feedback huet een immense Wäert fir d'Verbesseren a Maintenance vum Site, Feedback an all Form ass also ëmmer wëllkomm!
feedback@luxformel.info

Luxformel ass och kompatibel als PWA (progressive web app), dat well heeschen dass Dir Luxformel och kennt op Ärem Handy, Tablett oder Computer installéieren. Installéieren an dem Fall heescht dass dir d'Websäit als eng Zort installéiert Websäit op Ärem Apparat hutt.

Mac

Säit macOS 14.1 Sonoma, kënnt Dir ee Site am Dock späicheren. Ënne gesinn Dir eng Foto vum Prozess. Dir musst just op File drécken an dann op Add to Dock....

luxformel macos sonoma

iPhone

Dréckt einfach ënnen op de Share-Knäppchen de bei Iech am Browser misst ugewise ginn. Ënnen am Bild ass gewise wou sech de Knäppche verstoppt am Safari Browser op engem iPhone, mä all OS oder Handy, Tablett misst mat der Method kompatibel sinn.

luxformel iphone

Wann der op de Share-Knäppche gedréckt hutt misst de Share-Dialog opdauchen. Hei dréckt der Add to Home Screen oder änlech genannte Funktiounen.

luxformel iphone

Dir kennt elo an engem zweete Schrëtt nach auswiele wéi dass der déi u sech Bookmark nenne wëllt. Dréckt da wéi hei Add.

luxformel iphone

Computer

Luxformel ze installéieren ass ganz einfach! Dréckt einfach uewen op den Download-Knäppchen de bei Iech am Browser misst ugewise ginn. Ënnen am Bild ass gewise wou sech de Knäppche verstoppt an engem Chrome Browser op engem Mac, mä all OS oder Computer misst mat der Method kompatibel sinn.

Wann der op den Download-Knäppche gedréckt hutt misst eng Dialog-Box opdauchen, déi Iech virschléit luxformel ze installéieren. Dréckt op Install.

D'luxformel PWA misst elo gedownloat sinn. Dir kennt elo luxformel ouni Browser benotzen.

Printe fir dono Eventuell dat PDF-Dokument ze printe sollt am beschte fir follgend Astellunge gemaach ginn:

  • Stil: Hell

  • Navigator: (keen Afloss)

  • Schrëft: (keen Afloss) virgesinn ass normal

  • Navigator op der Säit: (keen Afloss)

  • Breed Limit fir Kapitelen: Unn

  • Spréch uweisen: (keen Afloss)

D'Printfunktion ass ofhängeg vun Ärem Browser den Dir benotzt. Dat well heeschen dass verschidde Browseren eng aner fit content Astellung hunn. Fir déi beschte Resultater ass et recommandéiert déi Astellungen an der Dialog-Box selwer an ze stellen.

Problem

Aus bis elo onerkannte Grënn ass d'Print - Funktioun fir Matricen op Chromium baséierte Browser gebugged. (Chrome, Brave, Edge,...)

Eventuell Leisung

Een anere Browser benotzen zum Beispill FireFox, Safari,...

Op der neier Websäit search.luxformel.info erlaabt er besser wei jemols de Site ze entdecken. Änlech wei anner Sichmaschinnen, kënnt Dir einfach no engem Wuert oder engem Begrëff sichen. D'Sichmaschinn wäert Iech dann all Säiten weisen déi dat Wuert enthalen. Dir kënnt och no engem Kapitel sichen, zum Beispill Mathe oder Chemie. D'Sichmaschinn wäert Iech dann all Kapitelen weisen déi dat Wuert enthalen.
Verschidden Art a Weisen de Site ze benotzen kënnen mat der neier Sichmaschinn net mei esou gudd fonktionéieren, well d'Sichmaschinn op enger Subdomain ze ereeschen ass. Leit déi luxformel iwwer PWA benotzen keinten Problemer fannen.

Verschidden Tricker

Fir d'Sichen méi einfach ze maachen ginn et follgent Tricker

  • Fir no bestëmmten Fächer ze sichen schreiwt: topic:mathe als Beispill dës Sich fënnt all Kapitelen dei zum Fach Mathe gehéiren

  • Fir no ganz spezifeschen Sätz oder Wierder ze sichen kënnt Dir och zum Beispill no "Quotient" sichen. Ierch ginn dann all kéieren ugewiesen wou jemols dei exakt Wierder stinn.

Fir all anner Kapitelen ze fannen kënnt Dir einfach ganz normal wéi op annere Sichmaschinnen no Ärem Kapitel sichen.